
De Conservatoire National de Véhicules Historiques zu Dikrech huet dëse Weekend e ganz speziellt Event begréisst: d' ADAC Klassik 2025 huet am Norde vu Lëtzebuerg en Arrêt gemaach.

Fir d'éischt Kéier an der Geschicht vun der traditioneller Manifestatioun ass d'Visite direkt duerch de Musée gefouert ginn – en aussergewéinlechen Highlight souwuel fir d'Participanten ewéi och fir déi vill Visiteuren.
Mat iwwer 70 historesche Gefierer um Start huet d'Feld eng beandrockend Villfalt vun Autoschätz ugebueden, déi perfekt mat der eenzegaarteger Kuliss vum CNVH harmonéiert hunn. De Musée huet seng Dieren fir dës speziell Geleeënheet mat gratis Entrée opgemaach an d'Ëffentlechkeet invitéiert, dëst eenzegaartegt Zesummespill vu lieweger Oldtimerkultur a Muséepresentatioun aus der Géigend ze erliewen.
D'CNVH seet Merci un den ADAC Klassik, datt si Dikrech als Etappeziler gewielt hunn, an un all d'Gäscht fir hir flott Äntwert. Dëst Event huet gewisen, wéi vill den Auto d'Leit verbënnt – iwwer national Grenzen a Generatiounen eraus.
© Fotoen Gerard IGEL




































































Schreift e Kommentar