Grouss Reaktioun op der Ouverture vun der Ausstellung "British Sports Cars in Luxembourg"

Pressematdeelung
Diekirch, 22. Mee 2026

Déi nei Spezialausstellung "British Sports Cars in Luxembourg" gouf gëschter Owend offiziell am Conservatoire National de Véhicules Historiques zu Dikrech opgemaach. D'Ausstellung gouf a Kooperatioun mam British Sports Car Owners Club of Luxembourg (BSCOC) geschaf a steet ënner dem Patronage vun der britescher Ambassade zu Lëtzebuerg.

D'Ouverture gouf vu ville Gäscht besicht, dorënner Membere vum BSCOC an dem CNVH, Vertrieder vun der Press, a vill Frënn, Unhänger an Enthusiaster vun der britescher Automobilkultur. Déi britesch Ambassade gouf deen Owend vum Daniel Shaikh, Chargé d'affaires vun der britescher Ambassade zu Lëtzebuerg, vertrueden.

Tom Sauber

Déi offiziell Ouverture vum Owend gouf vum nei gewielte President vun der CNVH, dem Tom Sauber, gemaach, deen an senger Ried déi besonnesch kulturell Bedeitung vun der Ausstellung ervirgehuewen huet.

"Dës Ausstellung soll net nëmmen faszinant Gefierer weisen, mä virun allem e Stéck britesch Kultur a Leidenschaft op Lëtzebuerg bréngen."

Den Tom Sauber huet jiddereen drun erënnert, datt historesch Autoen ëmmer Geschichte vu Mënsche erzielen:

"Hannert all Gefier stinn Erënnerungen, Begegnungen an dacks Generatioune vun Enthusiasten, déi dës Passioun fir den Automobil weiderginn hunn."

Ausserdeem huet de President vun der CNVH déi laangjäreg Bezéiung vum Musée mat der britescher Automobilwelt ervirgehuewen, souwéi déi vill fräiwëlleg Efforten an international Kontakter, déi d'Realisatioun vun dëser Ausstellung méiglech gemaach hunn.

Den Daniel Shaikh huet fir e besonnesche Moment vum Owend gesuergt, wéi hien spontan selwer un d'Gäscht geriicht huet. An senger Ried huet hien d'Wichtegkeet vun der Ausstellung aus der Perspektiv vun der britescher Ambassade ervirgehuewen an d'Beméiunge vun der CNVH ausdrécklech unerkannt, fir d'britesch Kultur zu Lëtzebuerg sichtbar an zougänglech ze maachen.

Daniel Schaikh

Hie war beandrockt, wéi historesch Gefierer d'Entwécklung vun der Technologie illustréieren a bis haut nach Emotiounen an Enthusiasmus ausléise kënnen. Den Daniel Shaikh huet dem CNVH an dem BSCOC säi Merci ausgedréckt a sech der Ausstellung vill Erfolleg gewënscht.

Jean Hansen

E besonnesch emotionalen Moment vum Owend war d'Éier fir de Jean-Marie Schmit, deem eng separat Sektioun vun der Ausstellung gewidmet war. De Jean Hansen, President vum BSCOC, huet a senger Ried un säi verstuerwene Frënd a laangjärege Begleeder geduecht:

"Mam Jean-Marie hu mir net nëmmen en engagéierte Member verluer, mä virun allem e richtege Frënd."

De Jean Hansen war och déif beweegt, datt d'CNVH dem Jean-Marie Schmit an dëser Ausstellung eng dauerhaft an siichtbar Éierung widmet.

Nadia Klasen

D'Historikerin a Kuratorin Nadia Klasen huet d'Gäscht duerno duerch d'Geschicht vun der britescher Automobilkultur gefouert an d'Entwécklung vu britesche Sportween erkläert - vu legendäre Roadster bis zu ikonesche Renn- a Luxusween, déi e dauerhaften Afloss op d'international Automobilgeschicht haten.

D'Ausstellung „British Sports Cars in Luxembourg“ ass déi nächst zwielef Méint am CNVH zu Dikrech ze gesinn a presentéiert dobäi vill aussergewéinlech Gefierer, historesch Dokumenter an ënnerschiddlech thematesch Ausstellungen iwwer déi britesch Automobilwelt.


Fotogalerie Gerard Igel:

Fotogalerie Romain Hankes:

Méi Fotoe vum Romain Hankes fannt Dir op: https://www.rtl.lu/fotoen/kultur/vernissage-vun-de-british-sports-cars-zu-dikrech-am-automusee-21-5-26-568578132

Schreift e Kommentar

Entdeckt méi op cnvh.lu

Abonnéiert Iech elo fir weider ze liesen an Zougang zum ganze Archiv ze kréien.

Liest méi