vum 1. Juli bis den 30. September 2026
„Kultur fir all Alter – am Diekircher Automobilmusée“ – eng Initiativ vum Conservatoire National de Véhicules Historiques, am Umgangssproch als „Diekircher Automobilmusée“ bekannt. Vum 1. Juli bis den 30. September 2026 mécht den Diekircher Automobilmusée seng Dieren fir Altersheemer, Fleegeheemer a betreit Wunnheemer aus ganz Lëtzebuerg op a invitéiert si op e gratis Muséebesuch.

Zil vun dëser CNVH-Initiativ ass et, Kultur a Geschicht fir eeler Leit méi zougänglech ze maachen, an dobäi gläichzäiteg Begegnungen, gemeinsam Erënnerungen a sozialen Austausch ze fërderen. Als jonk Leit hunn déi haiteg Senioren d'Entwécklung vum Automobil, de Stroosseverkéier an de gesellschaftleche Wandel matkritt. Fir si sinn historesch Gefierer vill méi wéi nëmme schéin Ausstellungsstécker. Si ruffen Erënnerungen un vergaangen Zäiten, un Geschichten an Anekdoten aus hirem eegenen Liewen ervir.
„Kultur ouni Alter“ bedeit fir interesséiert Seniorenheiser, Altersheemer a „betreutes Wunnen“:
- gratis Entrée an de Musée,
- eng gratis guidéiert Tour
- E kulturellt Erliefnes speziell op Senioren zougeschnidden.
D'Geführte Visite gi vun der Historikerin Nadia Klasen op Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch oder Englesch duerchgefouert a sinn un d'Besoine vun der jeeweileger Visiteuregrupp ugepasst.
Wärend dem Besuch entdecken d'Participanten net nëmmen déi aktuell Spezialausstellung "British Sports Cars in Luxembourg", mä och aner faszinant Kapitele vun der lëtzebuerger Automobilgeschicht. Dozou gehéieren d'Geschicht vum legendäre lëtzebuergesche Rennfuerer Nicolas Koob, déi laangjäreg Firma Wagner an dat originellt Fluchtgefier, dat vun der groussherzoglecher Famill am Zweete Weltkrich benotzt gouf.
D'Initiativ "Kultur ouni Alter" ass aus enger Iddi vum CNVH-President Tom Sauber entstanen a gouf vum Verwaltungsrot mat Begeeschterung opgeholl a ënnerstëtzt. Si baséiert op der Iwwerzeegung, datt Kultur Mënsche vun all Alter verbënne kann an datt besonnesch déi eeler Generatiounen eng wichteg Plaz am kulturelle Liewe vun eisem Land verdéngen.
De „Conservatoire National de Véhicules Historiques“ begréisst all Joer ongeféier 8.000 Visiteuren a gëllt elo als eng vun de wichtegsten Institutiounen fir d'Erhalen an d'Verbreedung vum lëtzebuergesche Automobilpatrimoine. Mat senger Initiativ „Kultur ouni Alter“ wëll de Musée d'intergenerationell Kultur, d'historesch Unerkennung an de soziale Kohäsioun fërderen.
Praktesch Informatiounen
CULTURE OUNI ALTER am Dikrich Autosmusée
Eng Initiativ vun der CNVH asbl
Period: 1. Juli – 30. September 2026
- Gratis Entrée
- Gratis guidéiert Tour
- Speziell fir Alters- a Fleegeheemer souwéi betreit Wunnheemer
- Reservatioun erfuerderlech
Kontakt: Nadia Klasen
Telefon: +352 26 80 04 68 E-Mail: info@cnvh.lu Internet: http://www.cnvh.lu




Schreift e Kommentar