Benevolat ass net automatesch. Et baséiert op Vertrauen, Respekt a Solidaritéit. Am Conservatoire National de Véhicules Historiques erreechen mir vill op fräiwëlleger Basis – an dat kënne mir nëmme maachen, well mir net eleng stinn. De Kulturministère, d'Stad Dikrich an eis trei Memberen ënnerstëtzen eis. Si gesinn eist Engagement, si respektéieren et a si gleewen un dat, wat mir maachen.
Dës Ënnerstëtzung ass net eppes, wat een als selbstverständlech soll huelen. Et ass en Zeeche vun Unerkennung – an et ass de Grond, firwat mir weidermaachen. Well Bénévolat funktionéiert nëmme wa mir eis géigesäiteg ënnerstëtzen. Wa Solidaritéit méi staark ass wéi den Ego, dann ass Loyalitéit méi wichteg wéi Komfort.
Dofir wëlle mir haut, um Internationalen Dag vun de Fräiwëllegen, Merci soen.
Merci un all déi, déi mat eis schaffen.
Merci un all déi, déi Iech hiert Vertrauen schenken.
Merci un all déi, déi net nëmmen nokucken, mä och gehollef hunn, d'Evenement matzegestalten.
Ouni Iech géif dëst Musée a senger aktueller Form net existéieren. Zesummen erhalen mir d'Geschicht – a schreiwen weiderhin en Deel dovun.
TS





Schreift e Kommentar